John Scheid

Dësen Artikel ass eréischt just eng Skizz. Wann Dir méi iwwer dëst Theema wësst, sidd Dir häerzlech invitéiert, aus dëse puer Sätz e richtegen Artikel ze schreiwen. Wann Dir beim Schreiwen Hëllef braucht, da luusst bis an d'FAQ eran.
John Scheid
Gebuer 31. Mee 1946
Lëtzebuerg
Nationalitéit Frankräich
Educatioun Stater Kolléisch
Aktivitéit Archeolog, Universitéitsprofesser
Member vun Academia Europaea


De John Scheid, gebuer den 31. Mee 1946 an der Stad Lëtzebuerg, ass e franséischen Historiker an Archeolog mat lëtzebuergeschen Originnen.

De John Scheid, deen 1973 déi franséisch Nationalitéit ugeholl huet, ass Fuerscher am Beräich vun der anticker Réimescher Relioun a war tëscht 2001 an 2016 Professer am Collège de France zu Paräis.

Hien ass Member vum lëtzebuergesche Conseil supérieur de la recherche scientifique an zanter 2016 Membre correspondant vun der Section des Sciences morales et politiques vum Institut grand-ducal.

Den 9. Dezember 2016 gouf de John Scheid als Member vun der Académie des inscriptions et belles-lettres, en Deel vum Institut de France, gewielt.

Hien ass, ënner anerem, Chevalier de l'Ordre de la Légion d'Honneur.


From Wikipedia, the free encyclopedia · View on Wikipedia

Developed by Nelliwinne